Bienvenue

Léif Memberen,

Densdes, den 25. Oktober organiséiert den LSH en klengen Café-Ralley matt en puer Spiller fir Nuetsliewen an Heidelberg besser kennenzeléieren.
Lass geet ett um 21:00 Auer am Mohr an der Unteren Straße. Sierft w.e.g. pünktlech:).
Jiddereen kann mattmaachen, ett ass nett nemmen fir déi nei Letzeboier an wann dir nett wellt matt maan, kommt awer nogucken…ett gett flott:)

Wantersemester 2011/2012

Semesterbeginn_Bild

Leif Memberen,

et ass nees souwäit, d’Vakanz geet op en Enn an Méinden gëtt nees d’Unibänk gedréckt . . .

Zeit fir den LSH sech aus der Summerpaus zereck ze mellen!!! Lass geet et schon en Denschden den 11. Oktober mat eisem eichten Stammdesch. Desen fennt wei gewwint ab 21:00 Auer am Reichsapfel (Untere Straße) statt. Denschdens den 25. Oktober fennt dann eis Bienvenue Party statt, woufir mir och en Café-Rallye angeplangt hunn. Mei genau Infos fannt dir geschuen op deser Seit!!! Am Unhang fannt dir och eisen Breif  fir d’Wantersemester.

An der Hoffnung ierch zahlreich op daer eng oder anerer Aktiviteit ze begréissen, wënscht den LSH iech en gudden Start an d’neit Semester!!!

ACELs Bal

f2c78991c273da69875b3058d8507d39

‘ACELs Bal’ weider liesen

UniCup Finale

Ech well iech just nach eng Kéier schnell drun erënneren, dass en Freiden Fussball am Neuenheimerfeld ass.
Géint halwer 11 fänken eis Jongen un an géint 14:00 wäerten si mat der Virronn fäerdeg sinn.
Wann si et dann och nach packen an d´Véirelsfinale ze kommen, dann geet et weider géint 19:00.
Doteschent wäerten mer vläit grillen an hoffentlech en flotten Dag zesummen verbréngen =)
Eis Jongen géingen sech sécher freeën, wann dir si zahlreich ufeieren kommt.

Boule Owend

Eis nächst Summeraktiviteit steet um Programm:
Boule spillen an en gemittlichen Owend zesummen verbrengen.
Daat ganzt hoffen mer den 5. Juli am plaatz vun eisem Stammdesch ze maan.
Place to be: GARTEN (aalen Zollhofgarten) bei der Halle 02 ab 18:00. Hei: http://www.halle02.de/dergarten fannt dir nach weider Informatiounen.
Mir hoffen, dass mir ganz vill Leit zesummen trommelen kennen an en flotten “karibischen” Owend verbrengen.

Wëllkomm

Image and video hosting by TinyPic

Op dëser Säit fënns Du Informatiounen iwwert de Studium zu Heidelberg, d'Clubliewen, eis Clubzeitung "Perkeo" a vill weider nëtzlech Informatiounen.

De Stammdësch fënnt dëst Summersemester ëmmer Densdes ab 21:00 am Großen oder Kleinen Mohr (Untere Straße an der Aalstad) oder bei schéinem, waarmem Wierder am Marstallcafé statt.

Agenda

Wetter in Heidelberg