Wëllkomm op der Homepage vun de letzebuerger Studenten zu Heidelberg!

Léif Memberen, mir hoffen dir hutt d'Wantersemester 09/10 schon gutt ugefangen. Dëst Semester stinn rëm eng Rei Aktivitéiten um Programm. Den Iwwerbléck fannt der ënnert den "wichteg Datumer" an weider Infos stinn och op dësem Site ënnert "news". Lass geet et Mettwochs den 28.10.09 mat der Bienvenuesparty am Cave (www.cave54.de). All eis Memberenkommen natierlech fir neicht eran. DenStammdësch fënnt all Dengstes ab 21 Auer am Café Reichsapfel statt (deen befënnt sech an der Unteren Straße). Mir freeën eis op all nei Gesichter an och op ons al Huesen! Hoffentlech bis geschwenn, äre Komitee

Wichteg Datumer:

28.10.09: Caférally an d‘Bienvenue am Cave
12. & 13.11.09: Foire de l'étudiant
25.11. - 22.12.09: Weihnachtsmarkt
8.12.09: Kreschtiessen
15.12.09: Single Bells Party
12.01.10: Generalversammlung

Läschte Breiw vum LSH:  
Programm WS09/10 - 01.10.2009


News:

19.10.09: Bienvenue fënnt am Cave statt (www.cave54.de) ab 22:30 Auer. Virdrunner organiséiert den LSH en Caférallye. Rendezvous fir den Rallye ass um 20:30 um Uniplatz beim Buer. Mir maachen puer Spillerescher an verschiddenen Caféen duerch Heidelberg, wat natierlech ideal ass fir d’Alstad bësselchen kennenzeléiren, grad fir ons Erstien. Alleguer déi wou Loscht hunn matzemaachen, egal op Ersti oder net, sollen sech w.e.g. beim Elisa per Mail umellen: beatlejuice26otmail.com. Mir géifen eis freeën wann dir Loscht an Zéit hutt mat an daat neit Semester ze feieren. Mat beschten Greiß, äre Komitee  (Elisa)

Heidelberg

Eis Sponsoren: