Archive fir d' 'Uncategorized' Kategorie

UniCup Finale

Ech well iech just nach eng Kéier schnell drun erënneren, dass en Freiden Fussball am Neuenheimerfeld ass.
Géint halwer 11 fänken eis Jongen un an géint 14:00 wäerten si mat der Virronn fäerdeg sinn.
Wann si et dann och nach packen an d´Véirelsfinale ze kommen, dann geet et weider géint 19:00.
Doteschent wäerten mer vläit grillen an hoffentlech en flotten Dag zesummen verbréngen =)
Eis Jongen géingen sech sécher freeën, wann dir si zahlreich ufeieren kommt.

Boule Owend

Eis nächst Summeraktiviteit steet um Programm:
Boule spillen an en gemittlichen Owend zesummen verbrengen.
Daat ganzt hoffen mer den 5. Juli am plaatz vun eisem Stammdesch ze maan.
Place to be: GARTEN (aalen Zollhofgarten) bei der Halle 02 ab 18:00. Hei: http://www.halle02.de/dergarten fannt dir nach weider Informatiounen.
Mir hoffen, dass mir ganz vill Leit zesummen trommelen kennen an en flotten “karibischen” Owend verbrengen.

Hellenbachhütte

Léif Memberen,

mir hun eis, wie all Joer, virgeholl eisen Nationalfeierdaag zu Heidelberg virzefeieren. Eis mei oder weineger grouß Party fennt nächst Woch en Mettwoch, den 15. Juni 2011 op der Hellenbachhütte statt. Mir hoffen en flotten Owend matt Gegrills, Gedrenks an gudder Stemmung ze verbrengen an geingen eis freen, wann dir zahlreich kommt.
Fir Gedrenks ass wei emmer gesuergt, eppes ze iessen musst dir ierch awer selwer mattbrengen.
Ett geet ab 17:00 Auer lass an ett geet secher bis Metterneucht.

Eng detailleiert Weebeschreiwung fannt där an der Agenda Rubrik

Bienvenue-Party

D´traditionell Bienvenue-Party vum LSH fënnt dëst Joer den 19. Abrëll 2011, also nächsten Densden, um 21:00 Auer am Reichsapfel (Untere Straße an der Aalstadt) statt.
Deem no weivill Leit kommen, organiséieren mir en klengen Rallye duerch verschidden Cafeen, fir datt dir d´Heidelberger Nuetsliewen besser kenneléieren kennt.
Duerno geet et weider an den Cave54 (Krämergasse an der Alstad) an eis Zeitung, den Perkeo, gëtt och ausgedeelt.
Mir hoffen iech zahlreich begreißen ze kennen.

Stammdesch

De Stammdësch fënnt dëst Summersemester ëmmer Densdes ab 21:00 am Reichsapfel (Untere Straße an der Alstad) statt, bei guddem Wierder ginn mer an d`Marstall-Mensa.

Wëllkomm

Image and video hosting by TinyPic

Op dëser Säit fënns Du Informatiounen iwwert de Studium zu Heidelberg, d'Clubliewen, eis Clubzeitung "Perkeo" a vill weider nëtzlech Informatiounen.

De Stammdësch fënnt dëst Summersemester ëmmer Densdes ab 21:00 am Großen oder Kleinen Mohr (Untere Straße an der Aalstad) oder bei schéinem, waarmem Wierder am Marstallcafé statt.

Agenda

Wetter in Heidelberg