Ech well iech just nach eng Kéier schnell drun erënneren, dass en Freiden Fussball am Neuenheimerfeld ass.
Géint halwer 11 fänken eis Jongen un an géint 14:00 wäerten si mat der Virronn fäerdeg sinn.
Wann si et dann och nach packen an d´Véirelsfinale ze kommen, dann geet et weider géint 19:00.
Doteschent wäerten mer vläit grillen an hoffentlech en flotten Dag zesummen verbréngen =)
Eis Jongen géingen sech sécher freeën, wann dir si zahlreich ufeieren kommt.

Eis nächst Summeraktiviteit steet um Programm:
Boule spillen an en gemittlichen Owend zesummen verbrengen.
Daat ganzt hoffen mer den 5. Juli am plaatz vun eisem Stammdesch ze maan.
Mir hoffen, dass mir ganz vill Leit zesummen trommelen kennen an en flotten “karibischen” Owend verbrengen.