Méintlechen Archive fir November, 2010

Tournoi de Noel

Och dëst Joer ass den LSH nees sportlech beim Tournoi de Noel (22. an 23. Dezember um Campus Geesseknäppchen) vertrueden. Mier wäerten eng Equipe am Fussball an am Volleyball opstellen, an der Hoffnung un d´Erfolleger aus deenen vergaangen Joeren unzeknüpfen.
Trei Supporteren sinn natierlech och wëllkomm an an der Mëttesstonn ginn mer nees lecker Iessen.
Interesséierter sollen sech beim Sportminister bis den 2. Dezember umellen (matteoamodio@gmail.com)

Chreschtmaart

Den LSH trefft sech weiderhin all Densden um 20:00 um Chrëschtmaart beim Karussell. Duerno zeien mer mat gudder Laun an den Mohr (Untere Straße) fir den Owend auskléngen ze loossen.

Neien LSH Site

Leif Interesséierter um LSH,

No laangem Waarden ass et sou weit, eisen Site mellt sech an neier, méi iwwersiichtlecher Form zeréck.

Hei gidd Dier ëmmer iwwert déi neisten Aktivitéiten informéiert an kennt all Artikel kommentéieren. Do nieft gëtt et och eng Rubrik “Pinnwand” wou Dier selwer Themen lancéieren kennt (z.B.: Matfuergeleeënheeten, Wunningssich oder alles wat Dier soss nach fir interessant haalt)

An der Rubrik “Perkeo” kennt Dier déi lescht Editiounen vun eiser Studentenzeitung noliesen.

Mier wäerten eis beméien den Site  deemnächst auszebauen (ënnert anerem Rubrik “Fotoen”), an sinn all Moment fir Kritik an Suggestiounen offen!

Vill Spaass beim surfen,

ären Comité

Wëllkomm

Op dëser Säit fënns Du Informatiounen iwwert de Studium zu Heidelberg, d'Clubliewen, eis Clubzeitung "Perkeo" a vill weider nëtzlech Informatiounen.

De Stammdësch fënnt dëst Wantersemester ëmmer Densdes ab 21:00 am Großen oder Kleinen Mohr (Untere Straße an der Alstad) statt.

Agenda

Wetter in Heidelberg