Stammdësch

Muer treffen mer eis schon um 20:00 Auer fir den Stammdesch, an zwar beim Karussell um Uni-Platz fir een  oder zwee Glühwein ze drenken :)

Single Bells Party

Léif Memberen!
Den 16. Dezember 2011 fënnt eis traditionell Single Bells Party am Grumpelhaus (Karlstorbahnhof) statt. All d’Memberen an och natierlech zukünfteg Memberen, egal op Single oder net, sin häerzlech invitéiert!
Weider Informationen fand dir hei: Single_Bells_LSH

Bowling

Den 29. November trëfft sech den LSH zu Bergheim fir zesummen ze bowlen! Mellt ierch sou schnell wéi méiglech bei eisem Sportsminister un, wann dir och wëllt dobäi sin an klickt op dësen Link fir méi gewuer ze gin: BOWLING

Léiwen Kleeschen, gudden Kleeschen… Chrëschtdaagsiessen 2011

Den 6. Dezember ass et neess sou wäit: den LSH kënnt zesummen fir Kleeserchesdaag ze feieren! Waat? Wou? Wéini? Op all dës Froën fand dir hei eng Äntwert: Chreschtdaagsiessen_LSH

Foire de l’Etudiant

Och dëst Joër ass den LSH neess op der Foire de l’Etudiant vertrueden an versuergt ierch mat allen méiglechen Informatiounen an Détailer zum Thema Studium zu Heidelberg!

Falls dir interesséiert sidd, kommt den 10. an 11. November an der Luxexpo bei eisem Stand laanscht. Weider Informatiounen zur Foire de l’Etudiant fand dir och nach hei: FOIRE DE L’ETUDIANT

Wëllkomm

Op dëser Säit fënns Du Informatiounen iwwert de Studium zu Heidelberg, d'Clubliewen, eis Clubzeitung "Perkeo" a vill weider nëtzlech Informatiounen.

De Stammdësch fënnt dëst Wantersemester ëmmer Densdes ab 21:00 am Großen oder Kleinen Mohr (Untere Straße an der Alstad) statt.

Agenda

Wetter in Heidelberg